Aktuelles
/ Tierkeschen Journalist, Auteur an Dokumentarfilmer Can Dündar am IPW iwwer Meenungsfräiheet an Zensur
Tierkeschen Journalist, Auteur an Dokumentarfilmer Can Dündar am IPW iwwer Meenungsfräiheet an Zensur
8 min
Aus Sécherheetsgrënn lieft den tierkesche Journalist Can Dündar zu Berlin am Exil. Fir op d'Situatioun an der Tierkei ënnert dem President Erdogan opmierksam ze maachen an ze warnen virun engem Iwwergrëff vun der Ënnerdréckung vun der Meenungsfräiheet reest den Can Dündar mat groussem Sécherheetsopwand uechter Westeuropa. Hie wëll kloer maachen wat et heescht seng Meenung nëmmen däerfen auszedrécken an der Angscht dass een dofir an de Prisong kënnt. Hien huet ausserdeem zur Solidaritéit opgeruff. Nathalie Bender a Valerija Berdi mat hiren Andréck.