arrow_back_ios
Aktuelles
De Karl Marx als Luuchtemännchen zu Tréier
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
De roude Karl Marx gëtt gréng. Ouh, wéi dat dann? Ma zu Tréier am Joer vum 200 Anniversaire vum wuel bekanntste Tréier Bierger Karl Marx ass d'Silhouette vum Karl Marx zanter virgëschter op enger Rouder Luucht ze gesinn, net wäit ewech vun där Plaz wou dat grousst Karl-Marx-Monument soll hi stoe kommen. An esou wiessel den d'Karl Marx-Figur mam markante Baart an dem laange Paltong da regelméisseg vu rout op gréng fir datt Foussgänger sécher kënnen iwwert d'Strooss goen.