arrow_back_ios
Aktuelles
D'UNICEF Wanteraktioun
Et gëtt eng Partie Kriseregiounen, zum Beispill Syrien, déi een net onbedéngt direkt mat strenge Wantere géing a Verbindung bréngen. Mä grad just do sinn d'Populatiounen, a virun allem d'Kanner op eis (materiell) Hëllef ugewisen. UNICEF Lëtzebuerg huet elo d'Wanteraktioun 2017 lancéiert, a jidderee vun eis ka mat engem klengen Don ganz séier an onkomplizéiert hëllefen.
Wat mat der Wanteraktioun erreecht soll ginn, erkläert den UNICEF-Mataarbechter Spencer Kirpach um Mikro vum Gilles Wunsch. ...