Aktuelles
D'ECPAT-Woch géint déi sexuell Exploitatioun vu Kanner
Am Kader vun enger Sensibiliséierungswoch mécht ECPAT Lëtzebuerg nach bis den 21. November op déi sexuell Exploitatioun vu Kanner opmierksam. Organiséiert ginn Atelieren an Aktivitéite ronderëm eng Problematik, déi och nach haut ganz dacks einfach ënner den Teppech gekiert gëtt. An dobäi ginn Dag fir Dag d'Rechter vun de Kanner mat Féiss getrëppelt a schrecklech Verbrieche ganz einfach vun der Gesellschaft ignoréiert. Erklärunge gëtt den Thomas Kauffmann, Direkter vun ECPAT Lëtzebuerg, am Gespréich mam Gilles Wunsch.