Aktuelles
500 Joer Reformatioun
De Martin Luther hat 1517 seng 95 Thesen un d'Schlasskierch vu Wittenberg geneelt, an domadder de Grondstee geluecht vun enger neier Kierch - a vu jorelaange Reliounskricher. Déi evangelesch Kierch feiert dann och dëst Joer 500 Joer Reformatioun. Dofir ass de Reformatiounsdag haut - deen all Joer den 31. Oktober ass - eemoleg zum nationalen däitsche Feierdag deklaréiert ginn. D'Theologin Margot Kässmann huet d'Feierlechkeete fir déi däitsch evangelesch Kierch geleet. 250 Milliounen Euro goufe fir d'Jubiläumsjoer ausginn. Vill Suen, déi firwat agesat ginn? ... Dozou d'Margot Kässmann am Gespréich mam Mick Entringer.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)