Aktuelles
De 17. Oktober ass Welt Organspendendag
Och zu Lëtzebuerg feelt et u potentiellen Organspender. Op där anerer Säit waarden hei am Land eng ronn 65 krank Matmënschen drop, fir kënne grefféiert ze ginn. Am Kader vun der Journée mondiale du don d'organes, haut um 17. Oktober, adresséiert de Gesondheetsministère ee waarmen Appell un d'Populatioun, sech mat engem Passeport de vie an den Déngscht vun alle Matmënschen ze stellen an Organspender ze ginn. D'Dr. Simone Steil, Médecin-Chef vun der Division de la médecine préventive am Gesondheetsministère geet am Gespréich mam Gilles Wunsch op d'Finalitéit vun der Journée an.