arrow_back_ios
Aktuelles
1,4 Milliounen Kanner vum Hongerdoud menacéiert
De Süd-Sudan, Jemen, Nigeria oder Somalia sinn alles Länner wou den Alldag virun allem duerch eng extrem Gewalt markéiert ass. Millioune Mënschen sinn där Gewalt ausgesat, an nach vill méi dem Honger an enger Mangelernährung virun allem Kanner. D’Kannerhëllefswierk vun de Vereente Natiounen d’UNICEF seet an deem Kontext ganz kloer dat wéinst dem Honger an der Mangelernährung 1,4 Milliounen Kanner an de genannte Länner vum Hongerdoud menacéiert sinn.