arrow_back_ios
Kultur
TV-Kult 5: Star Trek
Wéi tëscht 1966 an 1969 an den USA déi éischt Episodë vu "Star Trek" (op Däitsch: "Raumschiff Enterprise") gelaf sinn, waren d'Aschaltquoten nach niddereg. Eng extrem motivéiert Fan-Communautéit sollt awer duerfir suergen, datt "Star Trek" een nohaltege Succès sollt kréien. Schauspiller wéi de Leonard Nimoy an de William Shatner gi fir ëmmer an éiweg mat hire Personnagen aus "Star Trek" assoziéiert. Am fënneften Deel vun der Serie iwwer TV Kult geet et ëm Exotismus an Nostalgie. Eng Serie vum Christian Mosar.