Kultur
Zarah Leander: Eng Stëmm fir d'Nazi-Propaganda
D’Sängerin an Actrice Zarah Leander hat duerch d’Nationalsozialismus hire Succès, an se huet dofir der Nazi-Propaganda hir Stëmm geléint. Hir Lidder hunn Hoffnung ginn, wou Déceptioun regéiert huet, se huet vu Courage a Kraaft gesongen fir de Krich z’iwwerliewen, ze féieren an ze verlängeren. Mä Nationalsozialistin wollt se ni gewiescht sinn, ëmmer nëmmen eng Kënschtlerin mat verlugener Illusioun näischt mat der Politik ze dinn ze hunn, mä Realitéit war awer datt d’Zarah Leander an der Nazi-Propaganda eng bedeitend Roll gespillt huet.. Viru 35 Joer ass d'Zarah Leander gestuerwen