Kultur
Ken Loach
De britesche Cineast Ken Loach ass e Chronist vu soziale Mëssstänn, deen der englescher Aarbechterklass eng Stëmm ginn huet. Oder anescht gesot, de Ken Loach ass de Meeschter vum englesche Sozialrealismus. Am Ken Loach senge Filmer fënnt ee meeschtens dee selwechte Sujet erëm: Wéi d’Aarbechterklass probéiert an dem feindleche System human kënnen ze liewen. De Ken Loach weist ëmmer nees säi feinen a konsequenten Don vun der Observatioun vun de gesellschaftleche Mëssstänn. A genee dat ass zum Beispill den Tories, virun allem an der Zäit, wou d’Margret Thatcher Premierministesch war, ferm op d’Nerve gaangen. De Loach sot, datt wann ee Filmer iwwer Mënsche mécht, da géif d’Politik ëmmer eng décisiv Roll spillen. E Portrait mam Jean-Claude Majerus.