Radioen

On air

Trendscheif  |  Trendscheif

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kultur

Episoden

Les frontalières - die Grenzgängerinnen

E Bléck op d'Liewe vun de Frontalièren am Groussen Theater

D'Enn vun de Paräisser Cabareten?

D'Corona-Pandemie trëfft déi weltberüümt Paräisser Cabareten haart. Ass dat d'Enn vum French Cancan?

Djordje Balasevic - De jugoslawesche Bob Dylan ass dout

Vu Ljubljana bis Skopje si seng poetesch a kritesch Texter dëse Weekend op der Strooss gesonge gi fir him Äddi ze soen.

Filmkritik: "Red Dot" (Netflix)

De schweedesche Thriller spillt am Ufank clever mam Spectateur senge Virurteeler, rëtscht awer dann an eng brutal a pervers Duerstellung vu Selbstjustiz.

Film a Politik

''Into the Unknown" ass deen neie Konferenzzyklus iwwer Film a Politik iwwerschriwwen, deen den Zentrum fir politesch Bildung zesumme mam CNA organiséiert.

So dunkel hier - En Theaterstéck vun der Elise Schmit

Ënner der Regie vun der Anne Simon gëtt e Stéck iwwer den Doud vum Gauleiter Gustav Simon an der Abtei Neimënster realiséiert.

Musikalesch Kreativitéit wärend der Pandemie

Am Riicht eraus gouf e Samschdeg (20.2.) mat C'est Karma, Cleveland, Rome a Catherine Kontz diskutéiert.

Über das Verhalten in der Gefahr

Essaie vum Verlagsgrënner Peter Suhrkamp, déi hien tëschent 1918 an 1957 redigéiert huet.

Fuesserie "Jonker an Transitioun": den Ewan Chrisnach

Mat engem derangeanten, däischteren, Fotoportrait wëllt de Première-E-Schüler Ewan Chrisnach net provozéieren. Au contraire: e sicht den Dialog.

Jean Portante - Discours sur la littérature

"La poésie naît quand les mots quittent leurs mondes respectifs pour aller se mêler à ceux des autres mondes."

Gespréich iwwer "Miroir ambulant" vum Tom Reisen

D'Valerija Berdi an de Michel Delage hunn dem Tom Reisen säin éischte Roman gelies a schwätzen doriwwer. Mol kucken, ob si enger Meenung sinn ...

Buchkritik: Tom Reisen - "Miroir ambulant" (Editions Phi)

Dem Tom Reisen säin éischte Roman beschreift eng surrealistesch Enquête iwwer Identitéit a mécht esou abstrakt Problemer gräifbar.

Fuesserie "Jonker an Transitioun": den Alec Hansen

Mat wäiss zougepechtem Mond op sengem Fotoportrait wëllt de Première-E-Schüler Alec Hansen kritiséieren, datt déi Jonk haut net gelauschtert ginn.

MUDAM: "More Sweetly Play the Dance" vum William Kentridge

Mam William Kentridge stellt de MUDAM am Moment ee vun de wichtegste Kënschtler vun eiser Zäit aus. D'Wierker, ginn am Kader vum "red bridge project" gewisen.

Fuesserie "Jonker an Transitioun": Wat ka Konscht?

D'Fotografin Séverine Peiffer stellt ausdrocksstaark Foto-Portraite vu Schüler vun enger Première E am Märeler Park aus. A wa kee se gesäit?

Nathalie Ronvaux an der AutorInne-Lies

D'Lady Rosa an ee Chesterfield sinn am Moment der Nathalie Ronvaux hir literaresch Aktualitéit.

Filmkritik: "Below Zero" (Netflix)

De spuenesche Thriller ass eng net oninteressant Variatioun op de klassesche Genre vum Fluchtfilm ... bis d'Theema vun der Selbstjustiz mat erakënnt.

Fuesserie "Jonker an Transitioun": am Espace public

14 Jonker stelle sech mat risege schwaarzwäisse Foto-Portraiten am Märeler Park der Ëffentlechkeet. Eventuell Niewewierkunge fäerte si net.

"De Festival soll d'Leit nees an de Kino lackelen"

A manner wéi engem Mount fänkt de Luxfilmfest un. De Michel Delage huet mam Directeur artistique Alexis Juncosa iwwer d'Selektioun vun de Filmer geschwat.

Fuesserie "Jonker an Transitioun": keng Diskussioun

Déi Jonk hätten et a Covid-Zäite besonnesch schwéier, esou den allgemenge Tenor. Allerdéngs gëtt dat mat hinne selwer wéineg thematiséiert.