arrow_back_ios
Kultur
Musikalesch Kreativitéit wärend der Pandemie
Ofgesote Concerten an Tournéeën an existenziellen Drock hunn zanter dem Ufank vun der Pandemie hir Spueren hannerlooss. Wéi hu Museker/Musekerinne sech nei erfonnt a wéi evoluéiert hir Kreativitéit ënner dësen aussergewéinlechen Ëmstänn?
Am Riicht eraus gouf doriwwer e Samschdeg (20.2.) diskutéiert. Invitéë waren d'Singer-Songwriterin Karma Catena, den elektronesche Museksproduzent Andrea Mancini, den Neo-Folk Museker Jérôme Reuter an déi zäitgenëssesch Komponistin Catherine Kontz.