Kultur
Fuesserie "Jonker an Transitioun": den Ewan Chrisnach
D'Schüler vun der Première-E vum Lycée Aline Mayrisch gehéieren zu den Digital natives. An eiser Fuesserie Jonker an Transitioun huet sech awer erausgestallt, datt esouguer si mam digitale Rhythmus, mam Manktem u reellem Austausch hir Problemer hunn.
D'Fotografin Séverine Peiffer hat si op e Fotoshooting mat der aler Kollodium-Naassplacken-Technik invitéiert; si dozou encouragéiert, hir Emotioune virun der Kamera erauszeloossen. D'Resultat, déi schwaarzwäiss Fotoportraite sinn am Märeler Park ze gesinn. Ënner anerem dee vum Ewan Chrisnach. A mat sengem Bilan zum Projet schléisst d'Kerstin Thalau d'Transitioune-Serie of.