Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Gobocop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Laurent Pfister

De Fuerscher an der Hydrologie am Luxembourg Institute of Science and Technology beäntwert d'Fro, ob mir eis un déi extrem Wiederkonditiounen an d'Zukunft gewinne mussen.

Jean Stoll

Wat ass d'Landwirtschaft haut nach wäert a wéi eng Roll huet de Bauer ze spillen? Dat froe mir den Agraringenieur.

Romain Reitz a Christian Kmiotek

Mam CSV Buergermeeschter vu Jonglënster a mam gréngen Oppositiounspolitiker schwätze mir iwwert d'Schwéierpunkte fir d'Gemengewahlen 2017.

Ben Gastauer

Am Summer ass hie säi véierte Tour de France gefuer. Vun nächster Saison un huet all Equipe awer manner Coureuren disponibel. Wat heescht dat fir de lëtzebuergesche Cyclist?

Thorsten Faas

Mir froen den däitsche Politolog, ob nieft der Angela Merkel soss nach een eng Chance huet, däitsche Kanzler ze ginn.

Stephan Hobe

Mir froen de Professer fir Weltraumrecht, ob d'Lëtzebuerger Gesetz iwwer de Space Mining mat internationalem Recht kompatibel ass.

Carine Kelsen

Déi nei Direktesch vun de staatleche Kannerheemer schwätzt iwwert d'Reform a werft e Bléck op déi grouss Erausfuerderungen am Secteur.

Felix Braz

Mam Justizminister geet et ëm de Gesetzesprojet iwwert en nationaalt Vermummungsverbuet, dee gëschter virun der Press presentéiert gouf.

Marc Lies & Roland Tex

Den CSV-Buergermeeschter an de gréngen Oppositiounspolitiker am Face-à-Face iwwert de Gemengewahlkampf zu Hesper.

Claude Turmes

Mir froen de gréngen Europadeputéierten, wéi wäit d'Politik muss goen, fir Dieselautoen effikass ze reguléieren.

Alain Faber

Mir froen den Direkter vum natur musée, wat de Schwéierpunkt vun der neier permanenter Ausstellung a sengem Gebai ass.
headphones

16 min

play_arrow

Paul Philipp

De Lëtzebuerger Futtball schwëmmt den Ament op enger Well vum Erfolleg. Wou kënnt déi Entwécklung hier? Ënnert anerem doriwwer schwätze mir mam FLF-President.
headphones

17 min

play_arrow

Raymond Becker & Yves Wengler

Den Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler an de Gemengeconseiller Raymond Becker iwwert den Tourismus an der Gemeng, d'Konventioun iwwert d'Basilika an d'Wahlen.
headphones

19 min

play_arrow

Werner Hoyer

Mam Werner Hoyer schwätze mir iwwert seng Aufgaben als President vun der Europäescher Investitiounsbank an d'Erausfuerderungen, déi mat senger zweeter Amtszäit op hien duerkommen.
headphones

16 min

play_arrow

Alkyone Karamanolis

Mir froen eis Griicheland-Korrespondentin op den aktuelle Wirtschafts-Wuesstem och bei der griichescher Populatioun ukënnt.
headphones

14 min

play_arrow

Benoit Majerus

Mir froen den Historiker vun der Uni Lëtzebuerg firwat déi verschidden Gruppen vun Affer och 70 Joer nom zweete Weltkrich net mateneen eens ginn.
headphones

16 min

play_arrow
Robert Kieffer

Robert Kieffer

D'Rentereserven sinn op 17,8 Milliarden Euro geklommen. Wat geschitt mat deene Suen an ass de System fir d'Zukunft geséchert? De President vum Kompensatiounsfong erkläert.
headphones

18 min

play_arrow
Ernest Walerius

Ernest Walerius

De Buergermeeschter vu Bäerdref schwätzt iwwer d'Schwéierpunkten a senger Gemeng: Flüchtlingen, Gemengefinanzen an Tourismus.
headphones

15 min

play_arrow

Lex Folscheid a Jules Barthel

Mir froen de Lex Folscheid vum Educatiounsministere an de Jules Barthel vun der Enseignantsgewerkschaft SEW-OGBL wei d'Lycéesreform um Terrain ëmgesat gëtt.

Mars Di Bartolomeo

E Réckbléck mam Chamberpresident op d'Aarbecht vun den Deputéiert iwwer déi lescht 12 Méint, an e Bléck no vir op d'Joer virun de Wahlen.