arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Robert Kieffer
headphones
18 min
Lauschteren
play_arrow
D'Rentereserven sinn op 17,8 Milliarden Euro geklommen. Dat sinn 1,2 Milliarde méi wéi d'Joer virdrun. Dat geet ervir aus dem Rapport 2016 vum Kompensatiounsfong, deen d'Rentereserve geréiert. Hei heescht et och, datt déi Reserven och déi nächst Joer signifikativ wäerte wuessen. Mam President vum Fong, Robert Kieffer, geet Rieds iwwert d'Zukunft vum Lëtzebuerger Pensiounssystem an iwwert d'Investissementspolitik vum Pensiounsfong. D'Mick Entringer féiert duerch d'Gespréich.