Radioen

On air

Notturno  |  Broadstrokes - Underwater

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Jim Cloos

D'EU steet am Moment virun der Zeräiss-Prouf. Wei dramatesch ass d'Situatioun? Dat froe mir de Vize-General-Direkter vum Conseil vun der EU, den Jim Cloos.

Alexis Juncosa a Nico Simon

Iwwert déi siwent Editioun vum Luxembourg City Film Festival geet rieds mam Coordinateur vum Programm a mam Member vum Comité Artistique.

Rainer Klump

De Rektor reagéiert op déi extern Evaluatioun vun der Uni Lëtzebuerg.

Paul-Henri Meyers

Mam CSV-Deputéierte Paul-Henri Meyers geet Rieds iwwert d'Positioun vu senger Partei zur Verfassungsreform an iwwert déi nächst Wahlen.

Marianne Donven

D'Matgrënnerin vun der Initiativ Oppent Haus iwwert Refugiéen, déi bei lëtzebuergesch Stéit wunne ginn.

Adrien Wouters

Net nëmmen am Zentrum muss d’Nationalstrooss N7 ausgebaut ginn, mee och am Éislek, fuerdert d’Associatioun Cliärrwer Kanton.

Luc Weis

Wat mécht eng innovativ Schoul aus? A wéi schafft de SCRIPT, deen ënner anerem dofir zoustänneg ass, dorops hin?

Stan Brabant

Mam Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg geet et ëm de Stellewäert vu Mënscherechter weltwäit an zu Lëtzebuerg an ëm déi nei Anti-Terrorbestëmmungen.

Yves Le Pallec

Et kéint bis Ufank d'nächst Woch daueren, bis erëm franséisch Maschinisten um Lëtzebuerger Zuchreseau fueren, sot den Yves Le Pallec am Invité vum Dag.
Patrick Dury

Patrick Dury

De Kampf géint de Laangzäitchômage, d'Erhéijung vun der Kafkraaft vu Klengverdénger, d'Wunnengsnout an d'Aarbechtszäit, doriwwer gëtt mam President vum LCGB diskutéiert.

Camille Thommes

Mam Generaldirekter vun der Alfi geet Rieds iwwert d'Fongenindustrie: 2016 war e Rekordjoer. 3741 Milliarden Euro un Nettoaktiva ginn zu Lëtzebuerg geréiert.

Claude Turmes

Dat Europäescht Parlament huet mat grousser Majoritéit de CETA-Accord gestëmmt. Wéi geet et elo weider? De gréngen Europadeputéierten erkläert.

Paul Gries

De President vun der FCPT (Fédération chrétienne du personnel des transport) kommentéiert den Zuchaccident tëscht Beetebuerg a Zoufftgen.

Philippe Poirier

De Politolog vun der Uni Lëtzebuerg a Co-Auteur vun der Etude "Constitulux" schwätzt iwwert d'Biergerbedeelegung am Kader vun der Verfassungsreform.

Alexa Warnier

D'Chargée de Direction vum Fraenhaus "Foyer Sud - Fraen an Nout" schwätzt iwwert häuslech Gewalt an d'Konsequenze fir d'Affer.

Jean-Michel Collignon

D'Foireshalen hunn ekonomesch schwiereg Joren hannert sech. Wei geet et viru mat der LuxExpo? Doriwwer geet Rieds mam Direkter Jean-Michel Collignon.

Friedrich Mühlschlegel

De Professer fir Mikrobiologie ass den neien Direkter vum Staatslabo (LNS).

Katy Fox

D'Plattform CELL an d'Netzwierk "Transition Luxembourg" kruten de Präis "Hëllef fir d’Natur". D'Generalcoordinatrice vu CELL erkläert de Projet.

Claude Clemes

D'CSV organiséiert sech virun de Gemengewalen. De President vun de chrëchtlech-soziale Gemengeréit erkläert.

Frank Feitler

Den neie President vun der Abtei Neimënster schwätzt iwwert d'Vilfalt vun de Kulturhaiser an de Suivi vun de "Kulturassisen".