Invité:e vum Dag
Yves Le Pallec
Dat franséischt Zuchpersonal wëll méi Informatiounen zu den Ursaache vum Zuchaccident zu Diddeleng. De CFDT-Gewerkschaftler Yves Le Pallec huet confirméiert, dass keng franséisch Maschinisten um Lëtzebuerger Reseau wäerte fueren, bis d'Enquête hinne Resultater kann offréieren. D'Gewerkschafte loossen sech iwwerdeems net vun der franséischer Eisebunn ënner Drock setzen. D'SNCF hat gesot, si wéilten de regulären Trafic erëm ophuelen, soubal d'Streck tëscht Diddenuewen a Beetebuerg erëm op wier. Dat ass awer haut de Moien net geschitt.