arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Adrien Wouters
Net nëmmen am Zentrum muss d’Nationalstrooss N7 ausgebaut ginn, mee och am Éislek, fuerdert d’Associatioun Cliärrwer Kanton. Iwwerdeems missten op der N7 Sécherheetsmoossname getraff ginn, fir nei Accidenter z’evitéieren. Mam Adrien Wouters, vum Interesseveräin "Cliärrwer Kanton" diskutéiert d'Carole Schimmer och iwwert d’Konsequenze vun de Mobilitéitsproblemer fir d’Bierger mee och fir d’kulturellt Liewen.