Radioen

On air

Notturno  |  Sturgill Simpson - Turtles All The Way Down

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ déi gréng fuerderen eng Analys vun der Coronapandemie

Coronapandemie

déi gréng fuerderen eng Analys vun der Coronapandemie

Am Fall vun enger neier Pandemie sollen d‘Länner sech besser koordinéiere kënnen. Dat ass de Wonsch vun der Weltgesondheetsorganisatioun. D‘Chamber huet sech an enger Debatt domat befaasst.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow
Foro: Chambre des Deputés

D‘Länner solle sech besser koordinéiere fir präventiv ze handelen a fir den Zougang zur Medezin besser ze garantéieren. 194 Länner déi a 6 Regiounen opgedeelt sinn diskutéieren zanter Méint iwwer ee gemeinsame Kompromësstext ëm Recommandatiounen, déi bei enger potentieller zukünfteger Pandemie kéinten agesat ginn.

Zu Lëtzebuerg fuerderen am deem Sënn déi gréng an enger Motioun eng transparent Analys vun der Pandemie. D‘Moossnamen, déi ergraff goufen, solle gepréift an d‘Pandemiegesetz ugepasst ginn. D‘Motioun gouf eestëmmeg ugeholl.

Besseren Zougang zu Medezin dee wichtegste Punkt

Et misst een awer och méi transparent dermat ëmgoe fir ze verhënneren, datt Rumeuren doruechter entstinn. De gréngen Deputéierte François Bausch mengt och net, datt iergendeen eppes géint besseren Zougang zu Medezin kann hunn. An dat wier dee wichtegste Punkt an dem Dokument.

„Natierlech geet et och ëm Reegelen an ëm Moyenen, déi ee sech ginn huet, fir déi Pandemie ze bekämpfen.“

D’Covidpandemie hat ee groussen Impakt a 5 Beräicher: Op d’Gesondheet, dat soziaalt Liewen, op de Fonctionnement vun der Gesellschaft, déi wirtschaftlech Situatioun an awer och d’Verdeelungsgerechtegkeet an der Welt mam Zougang zu medezinesche Servicer.

Text vun der WHO net contraignant

Der Weltgesondheetsorganisatioun hir Roll ass et ze kucken,datt jidderee virun esou Situatioune ka geschützt ginn. Et wier deemno normal, datt d’WHO sech géif Gedanke maachen iwwert ee weltwäite Plang fir am Fall vun enger neier Pandemie kënnen ze handelen.

Dee Kompromësstext iwwer deen elo verhandelt gëtt - a fir Lëtzebuerg mécht d’EU dat - wier contrairement zum RSI, dem Règlement sanitaire international, net contraignant, betount den Dokter Gérard Schockmel, DP-Deputéierten.

“Dat weltwäit Pandemieofkommes ass komplementar zum RSI. Anescht awer wéi den RSI ass d'Pandemiofkommes net contraignant, dat heescht d'Souveränitéit vun den Nationalstaate gëtt net a Fro gestallt.“

Et géif vill méi ëm e besseren Austausch op regionalem an nationalem Niveau goen, fir d‘Preventioun ze verbesseren.

Text soll Enn Mee ofgestëmmt ginn

D‘WHO ass och am gaangen een Text ze finaliséieren, deen Enn Mee soll ofgestëmmt ginn. Doriwwer huet sech d’Alexandra Schoos vun der ADR éischter skeptesch gewisen.

„Allerdéngs schéngt mir hei den Delai tëscht der finaler Versioun an der 77. Weltgesondheetsorganisatioun Enn Mee dach e bësse knapps, fir nach eng Kéier am Detail doriwwer diskutéieren ze kënnen, iert et zu enger Ofstëmmung kënnt.“

D‘ADR-Deputéiert mengt, datt et net zu enger Ofstëmmung wäert kommen, well et nach ze vill Onkloerheete gëtt.

WHO schafft keng Weltregierung aus

D’Gesondheetsministerin Martine Deprez mengt awer, datt an der WHO ee provisoreschen Text kann ugeholl ginn, fir dono all d’Detailer nach ze klären

„Mee d'Iddi ass lo, fir awer e Kompromësstext ze kréien, wou jiddereen am Konsens dermat d'accord ass a fir da schonn ee Planning ze maache fir verschidden Elementer doraus am Detail weider ze diskutéieren.“

Et wier awer falsch ze behaapten, datt d‘WHO ewéi eng Zort Weltregierung eppes géif ausschaffen, wat d’Memberlänner obligatoresch missten ëmsetzen, betount de gréngen Deputéierte François Bausch.

All Land misst fir sech kucke wat herno dovunner zeréckbehale gëtt. Datt dat net eenheetlech ka sinn, wier logesch, esou nach de François Bausch, wëll d’Situatioun vu Land zu Land ganz aneschters ausgesäit.

Lauschterenplay_arrow