Sou muss zum Beispill all Referenz op d’Gesetz vun 1928 an de Statuten duerch eng Referenz op dat neit Gesetz vum 7. August 2023 ersat ginn. Et kënnen awer och nei Méiglechkeeten, déi d’Gesetz bitt, an d’Statuten ageschriwwe ginn: zum Beispill d’Optioun eng Generalversammlung online ofzehalen an d’Membere per Email,an net méi per Courrier, op déi AG ze invitéieren.
Mam neie Gesetz sinn awer och e puer nei Reegele verbonnen. Deem Gesetz no gëtt vun elo un tëscht dräi Zorte vun Associatiounen ënnerscheet, déi och ënnerschiddlech Obligatiounen hu wat d’Féierung vun hirer Comptabilitéit ubelaangt. De Gros vun de lokale Veräiner dierft an d’Kategorie vun de klengen ASBLe falen.
Kleng ASBLen
Eng kleng ASBL zeechent sech doduerch aus, datt maximal dräi Persoune Vollzäit respektiv méi Leit zesummen héchstens 120 Stonne pro Woch fir se schaffen. Si dierf maximal 50.000 Recette pro Joer hunn. An den Actif vun enger klenger ASBL – dat heesch alles wat hir gehéiert - dierf net méi wéi wéi 100.000 Euro ausmaachen. Wann de klenge Veräin zwee Joer noeneen zwou vun deenen dräi Limitten iwwerschreit, gëllt se als mëttelgrouss ASBL.
Weider Ännerungen
D’Veräiner mussen hir Konte vun elo un och am RCS publizéieren. Fir eng kleng asbl geet eng einfach Lëscht mat de Recetten an Depensen duer, sou den Daniel Ruppert vum Justizministère. Eng mëttel-grouss ASBL muss eng bësse méi opwenneg Compta en partie double maachen, mat actifs, passifs a comptes a profits et pertes.
D’Memberslëschte mussen dem neie Gesetz no um Sëtz vun der ASBL disponibel sinn, mee gëtt net méi am Luxembourg Business Register publizéiert.
Um Site vum Ministère solle myasbl.lu wäerten och nach Modell-Statuten online gesat ginn. Eng Rei Informatiounen si scho public, déi awer nach weider ergänzt wäerte ginn, seet den Daniel Ruppert. Déi genee Demarche fir d’Statuten ze ännere gëtt och um Site lbr.lu nach eng Kéier erkläert.