Dëse Projet war de leschte Mee nach vum fréiere Minister François Bausch deposéiert ginn. Den Tram wier een Erfolleg un deem och déi nei Regierung wëll festhalen, ënnersträicht déi nei Ministerin Yuriko Backes.
Erweiderung op P&R Bouillon soll kommen
All d’Deputéiert mat deene mir geschwat hunn, begréisse prinzipiell den Ausbau vum Tram um Kierchbierg, iwwert de Boulevard Adenauer, an tëschent der Gare an Hollerech. Den Yves Cruchten vun der LSAP bedauert awer, datt den Tram Richtung Hollerech net direkt un de P&R Bouillon ugebonnen ass.
Dat wier awer nach geplangt, seet doropshin d’Presidentin vun der Mobilitéitskommissioun, Rapportrice vun dësem Projet a Stater DP-Schäffe Corinne Cahen.
"Dat wat elo bei dësem Projet ganz flott ass, dat ass am Quartier Nei Hollerech, datt do den Tram direkt mam Quartier zesumme geplangt gëtt."
Projet gëtt Enn Februar gestëmmt
De gréngen Deputéierte Meris Sehovic begréisst, datt d’Erweiderunge vum Tram Changementer am Stadbild mat sech bréngen.
"Méi Gréngs, sécher Vëlos- a Foussgängerweeër. An an deem Sënn begréisse mir natierlech, datt déi nei Ministesch deen dote Projet weider féiert an och séier weider féiert."
De Projet fir d’Finanzéierung vun den Tram-Erweiderunge soll Enn Februar vun der Chamber gestëmmt ginn.