Haut ass den zweeten Dag vun den Attack op Israel: Wéi ass d‘Situatioun zu Tel Aviv?
E ass méi ugespaant wéi gëschter. Ech gouf de Moien um 6 Auer vun de Sireenen aus dem Schlof gerappt, zanter deem goufen et nach dräi Rakéitenalarmen. An der Nuecht ass hei am Zentrum vun Tel Aviv eng Rakéit an en Haus ageschloe, zwee Kilometer vu wou ech wunnen. Do ass eng Fra vu 40 Joer gestuerwen a 25 Leit si verletzt. E Kolleeg vu mir bedreift e klenge Restaurant an der Géigend, deen elo komplett a Schierbele läit.
A wéi reagéieren d‘Leit an Israel op d‘Attacken géint den Iran?
Ech si bis elo kengem Israeeli begéint, deen dat net gutt fënnt.
Also voll Ënnerstëtzung?
Ech géing soe jo. Gëschter am Nomëtten hunn ech virun engem Café mat e puer Israeelie geschwat. An natierlech ginn et Nuancen: War et richteg, datt Israel d’Attack lancéiert huet? Ass et dem Benjamin Netanjahu säi Verdéngscht oder dem Donald Trump säin? Mee d’Attack ënnerstëtzt hei jiddereen. Och an der Politik: vu lenke bis rietsen Oppositiounspolitiker. Just ee palästinenseschen Deputéierten hat d’Attack condamnéiert, mee dem seng Fraktioun huet just 4 vun 120 Sëtz an der Knesset, also am israeelesche Parlament.
A wéi geet et elo weider?
Dat ass déi grouss Fro. Well d’USA an Israel hunn net just den iranesche Staatschef, den Ali Chamenei, ëmbruecht. D’israeelesch Arméi hu gëschter den Doud vu siwe weider héichrangeg Fonctionaire annoncéiert, dorënner de Staatssekretär, de Verdeedegungsminister an de Kommandeur vun der iranescher Revolutiounsgard. Den Iran dréit elo mat Vergeltung, wouropshin den Trump op sengem soziale Medium gewarnt hat, datt d’USA den Iran haut mat enger, Zitat, Gewalt, déi ee virdrun nach ni gesinn huet, attackéiere wäert. Ech fäerte ganz, datt de Krich net haut eriwwer wäert sinn, Michelle.
Merci Leo fir deng Aschätzungen – Live vun Tel Aviv