Dem iranesche Staatschef Ajatollah Ali Chamenei säin Haaptbüro zu Teheran ass gëschter de Moie bombardéiert a komplett zerstéiert ginn. Déi iranesch Televisioun huet Satellittebiller dovu gewisen. Ob de Chamenei zu deem Zäitpunkt do war, ass net gewosst. Säin Doud ass entre temps awer vun alle Säite bestätegt ginn.
Den iraneschen Ausseminister sot gëschter op NBC News nach, datt de Chamenei iwwerlieft hätt. Grad wéi och aner Ministeren an héich Fonctionnairen, déi bei den israeelesch-amerikaneschen Attacke viséiert gi waren. Vun israeelescher Säit heescht et, datt eng Rëtsch héich iranesch Responsaabler eliminéiert gi wieren.
Verschiddene Medien no, sollen och zum Deel Familljemembere vum reliéise Leader ëmkomm sinn. Esou wéi Kommandeur vun der iranescher Revolutiounsgarde an de Virsëtzende vum nationale Sécherheetsrot. Iwwergangsweis soll elo en Dräier-Gremium d‘Féierung vum Land iwwerhuelen. De President, de Justizchef an ee Jurist vum sougenannte Wiechterrot.
"Gréisste militäresch Operatioun"
Nom Doud vun hirem ieweschte Leader hunn déi iranesch Revolutiounsgardë Vergeltung geschwuer: “Geschwë wäert déi gréisst militäresch Operatioun an der Geschicht vum Iran géint Israel an amerikanesche Militärbasen an der Regioun ufänken”, esou d’Droung an engem Pressecommuniqué vun der Eliteunitéit vun der islamescher Republik.
Scho gëschter am Nomëtteg huet déi israeelesch Arméi annoncéiert, datt elo Rakéitewerfer am Iran an d‘Viséier geholl gi wieren. Dat fir ze verhënneren, datt den Iran géigen-attackéiert.
Den US-President Donald Trump warnt den Iran. Si sollten “besser net” zu engem Géigeschlag aushuelen, esou den US-President op senger Plattform Truth Social. Hien huet dës Wierder a Groussbuschtawen geschriwwen. D’USA géife soss mat enger "ni do gewieschter Force" reagéieren.
Als "Märtyrer" gestuerwen
De Ajatollah Ali Chamenei war de mächtegste Mann am Iran. Hien huet iwwer dräi Joerzéngte laang déi islamesch Republik gefouert. Déi iranesch Medie soen, hie wier gëschter moien als „Märtyrer“ gestuerwen. Et gëllt eng Staatstrauer vu 40 Deeg. Nom bekannt gin vu sengem Doud vum gouf et Berichter iwwer Freed a Jubel awer och vun Trauer vun de Mënschen aus Teheran.
Am Irak huet den Doud vum ieweschten iranesche Leader fir Tensioune gesuergt. Zu Bagdad an der Haaptstad bei der US-Ambassade kënnt et zu Protester. D‘Demonstranten hätte probéiert d‘Barriären ze duerchbrieche fir bei d‘Ambassade an der grénger Zon ze kommen. Sécherheetspersonal hunn de Protest opgeléist. D‘Sécherheetsbeamten hunn Tréinegas a Waasserwerfer agesat.
Ënnert anerem a Kaschmir an Indien gedenken schiitesch Muslimesche ronderëm Welt dem ieweschte reliéise Leader vun der schiitescher Republik Iran.