An der Haaptstad Teheran herrscht Panik. D‘Mënsche probéiere verzweifelt d‘Stad ze verloossen. D‘Internetverbindung am Iran ass ënnerbrach. Nieft de Militärugrëff hätt et och Cyberattacken op déi iranesch Infrastruktur ginn, esou lokal Medien. China a Groussbritannien hunn hir Staatsbierger:innen dozou opgeruff den Iran esou séier wéi méiglech ze verloossen.
Den Iran mellt iwwerdeem Ugrëff op eng südëstlech Regioun, wou ee wichtegen Nuklearzenter steet, deen och schonn d‘lescht Joer bombardéiert gouf.
Trump: "Immunitéit oder de sécheren Doud"
Den US-President Donald Trump sot, hie bitt dem iranesche Militär de Choix tëschent Immunitéit oder dem sécheren Doud un. Hien wéilt déi militäresch Infrastruktur vum Iran zerstéieren.
Den Donald Trump an de Benjamin Netanjahu ruffen iwwerdeems déi iranesch Bevëlkerung dozou op sech géint déi iranesch Regierung ze stellen. Iranesch Medie mellen, datt den iranesche President a Sécherheet wier. Bis ewell huet sech nach kee Regierungsmember zu den Attacke geäussert.
Israel hat an de fréie Moiesstonne schonn e "Präventivschlag" géint den Iran lancéiert.
Iran lancéiert Géigenattack
Als Géigereaktioun op d'US-Attacken am Iran, huet déi Islamesch Republik zu engem Géigeschlag ausgeholl an Israel mat Rakéiten ugegraff. US-Ziler an Israel stinn och am Viséier. D’US-Arméi huet am Noen Osten eng Rei Basen, op deenen Zéngdausenden Zaldote stationéiert sinn.
Den US-President Donald Trump wëllt verhënneren, datt den Iran Atomwaffen entwéckelt an ass onglécklech, datt d‘Verhandlunge bis ewell näischt gi sinn. Hien hat dem Iran en Ultimatum bis Ufank Mäerz gestallt, soss géifen d‘USA militäresch intervenéieren.
Den Iran rifft déi international Communautéit op d‘Ugrëff ze verurteelen an zehandelen. D‘Sécherheet vun der Regioun a vun der Welt wierebedrot, heescht et an enger Kommunikatioun vum iraneschen Ausseministère.
USA sinn 2018 aus Atom-Accord mam Iran ausgetrueden
Den Donald Trump war am Joer 2018 aus dem JCPOA, dem Joint Comprehensive Plan of Action, mam Iran ausgetrueden. D'Nuklearofkommes war am Joer 2015 zu Wien tëschent Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, den USA, Russland, China an dem Iran ënnerschriwwe ginn. Am Accord war festgehalen, datt den Iran keen Uran uräichert fir Atomwaffen ze bauen. Am Géigenzuch haten déi aner Länner d'Sanktioune géint den iranesche Staat opgehuewen.
Der internationaler Organisatioun fir Atomenergie IAEA no, déi d'Opsicht am Iran hat, huet de schiitesche Staat sech bis an d'Joer 2019 un déi festgeluechte Limitatioun aus dem JCPOA-Accord gehalen.
Verhandlungen zu Wien ugesat
Den amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio soll e Méindeg an Israel reese fir weider Gespréicher iwwer den Iran ze féieren. Fir d‘nächst Woch sinn weider Verhandlungen zum iraneschen Atomprogramm zu Wien ugesat.