Eng Wafferou ass onstabil, mee soll wa méiglech zu engem konkrete Plang fir e Fridde gemaach ginn. Mee Hindernisser ginn et der immens vill.
Iran fuerdert Wafferou fir de Libanon
D’Delegatioun vun Teheran ass eng ganz seriö, mat un der Spëtzt dem Spriecher vum Parlament an dem Ausseminister. Mee fir datt Gespréicher iwwerhaapt stattfannen, wëllt den Iran, datt déi momentan Wafferou och iwwergräift op d’Kämpf tëschent Israel an der pro-iranescher Hisbollah am Libanon. Israel seet, datt dat näischt mat der momentan onstabiller Wafferou am Iran ze dinn hätt.
Pakistan als Mediateur
Duerno, mat der Participatioun vum US-Vize-President JD Vance, kann och nach ganz villes an dëse geplangte Gespréicher zu Islamabad schifgoen. Zwee Länner, déi sech iwwerzeegt weisen, datt si de Krich gewonn hu sollen sech treffen, esouwuel indirekt wéi och direkt, dat heescht mat an ouni dem Mediateur Pakistan am Sall.
Den Iran huet de Joker: D‘Hormuspassage
Den US-President Donald Trump seet, datt Teheran keng Kaarten an der Hand huet a seng Regierung seet ëmmer nees datt dat iranescht Militär vun den USA an Israel zerstéiert gouf. Mee den Iran huet senger Meenung no de Joker: D’Kontroll iwwert d’Strooss vun Hormus an iwwer e groussen Deel vum weltwäiten Transport vu Pëtrol an Äerdgas aus dem Persesche Golf.
D’Reouverture vun der Mieresstrooss ass eng vun den amerikaneschen Demanden.
Trump riskéiert grousse Schued bei Tëschewalen
Mam JD Vance kennt e Member vun der Trump-Regierung op Islamabad, dee sech dacks géint militäresch Interventiounen am Ausland agesat huet an dee keng grouss diplomatesch Erfarung huet.
Déi amerikanesch Politik spillt hei och e wichtege Rôle: Den JD Vance gëllt als ee vun de Favoritte fir dem Trump seng Successioun am Wäissen Haus. Den Trump selwer sicht en Enn vun engem Krich, deen him an de Mëttmandats-Walen an den USA am November kéint e grousse Schued abréngen.
Eise Korrespondent Philip Crowther huet d’Detailer aus der pakistanescher Haaptstad Islamabad