Radioen

On air

Concert  |  Rising Star: Sean Shibe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zweeten Dag vum Parteikongress vun den US-Demokraten

USA

Zweeten Dag vum Parteikongress vun den US-Demokraten

An den USA war et den zweeten Dag vum Parteikongress vun den Demokraten zu Chicago. Dominéiert hunn do d'Riede vun der fréierer Presidentekoppel Michèle a Barack Obama.

auto_stories

1 min

Wal-Kongress vun den US-Demokraten | © Philip Crowther
Foto: Philip Crowther

Mat der Kamala Harris géif d'Hoffnung an den USA zeréckkommen, sot d'Michèle Obama. De Barack Obama sot, d'USA wiere prett fir eng Presidence ënner der Kamala Harris.

Si hunn Allenzwee d'Supportere vun den Demokraten opgeruff, am November vun hirem Walrecht Gebrauch ze maachen, well et ee knappt Resultat géif ginn. Déi national Sondagë ginn der Kamala Harris den Ament e liichten Avantage op den Donald Trump.

D'Kamala gouf iwwerdeems um Parteikongress zu Chicago elo offiziell als demokratesch Presidentschaftskandidatin confirméiert. Si huet sech iwwer Video zougeschalt aus dem Staat Wisconsin, wou si fir de Walkampf ënnerwee war. Hir Haaptried zu Chicago hält si an der Nuecht vun donneschdes op freides.

Eisen USA-Korrespondent Philip Crowther mat Informatiounen an Andréck vun der Plaz

Lauschterenplay_arrow