Radioen

On air

Sot Emol  |  Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Kamala Harris huet hiren éischten Interview als offiziell demokratesch Kandidatin ginn

Op CNN

D'Kamala Harris huet hiren éischten Interview als offiziell demokratesch Kandidatin ginn

An den USA huet d‘Presidentschaftskandidatin vun den Demokrate Kamala Harris hënt eiser Zäit sech fir déi éischte Kéier zanter hirer Nominatioun an engem Interview op der Televisioun presentéiert.

auto_stories

1 min

Kamala Harris | © picture alliance
Foto: picture alliance

Do sot si, datt d'Stäerkung vun der Mëttelschicht a méi haart Mesurë géint déi illegal Immigratioun zu hire Prioritéite gehéieren. Ausserdeem huet d‘'Kamala Harris betount, datt si oppe wier fir moderat Republikaner:innen an hire Cabinet opzehuelen.

An der Aussepolitik fuerdert d'Harris en direkte Waffestëllstand an der Gazasträif an d'Fräiloosse vu Geiselen.

Hire Konkurrent Donald Trump huet och schonn op dësen Interview reagéiert: D'Kamala Harris wier net prett fir esou eng Positioun un der Spëtzt, a si wier och net prett op Aenhéicht mat Leadere wéi dem Kim Jong Un aus Nordkorea oder dem Xi Jing Ping aus China ze diskutéieren.