Deen aneren ugeklote SREL-Mataarbechter, de Fränk Schneider. war net dobäi. De fréiere SREL-Operatiounschef ass zënter 2023 verschwonnen, fir sech an der OneCoin-Affär virun enger Ausliwwerung un d’USA ze drécken.
Réckbléck op den éischte Prozess
An éischter Instanz waren déi dräi fräigesprach gi vum Virworf vun eventuellen illegalen Écouten op de Loris Mariotto. Dat ass e Geschäftsmann, dee vum SREL ofgelauschtert gouf, well hie behaapt hat, hien hätt eng Opnam vun engem Gespréich tëschent dem Grand-Duc Henri an dem Premier Jean-Claude Juncker iwwer d’Bommeleeër-Affär.
Am Appellprozess huet d’Ecoute op de Loris Mariotto gëschter keng grouss Roll méi gespillt.
Een anere Virworf un d’Ex-SREL-Leit Mille a Kemmer kéint awer dozou féieren, datt et an zweeter Instanz fir si kee Fräisproch méi gëtt, well si CDen aus dem Geheimdéngscht matgeholl hätten.
D'Fro no den CDen
Fir d’Vertriederin vum Parquet général wier et domat zu enger Infraktioun komm. Si huet awer keng Strof gefuerdert. Si géif et de Riichteren iwwerloossen, wat eng adequat Strof dofir kéint sinn.
Den deemolege SREL-Chef Marco Mille hätt bis 2012 dräi CDe gehalen, obwuel hien de Staatsdéngscht 2010 an der Suite vun der Auerenaffär verlooss hat. Dës CDen hätt hien an e Safe vun enger Bank geluecht a si dem SREL domat entzunn.
De Geheimdéngschtagent André Kemmer hätt dat selwecht gemaach, andeems hien eng CD doheem gehalen hätt, esou d’Vertriederin vum Parquet général, an där hiren Aen déi zwee Ugekloten e perséinleche Profit doraus gezunn hätten. Och huet si betount, datt d’Affär schonn 2021 hätt kënnen an d’Sëtzung kommen.
Well den drëtte Beschëllegte Fränk Schneider dunn awer Problemer mat den USA krut an zënter 2023 op der Flucht ass, wier et net dozou komm. Der Vertriederin vum Parquet général no wier et awer wichteg, dës Affär op en Enn ze bréngen, déi bal 20 Joer um Bockel hätt.
Urteel eréischt a sechs Wochen
Déi dräi Ugeklote wëllen dogéint och den Appellsprozess mat engem Fräisproch iwwerstoen. Dofir hunn de Me Laurent Niedner, Affekot vum Marco Mille, den André Kemmer fir sech selwer an de Me Laurent Ries fir de Fränk Schneider d’Confirmatioun vum éischten Urteel verlaangt.
Den André Kemmer huet contestéiert, eng CD doheem gehat ze hunn. De Marco Mille huet erkläert, hien hätt Kopië vu CDe getrennt vum Original gehalen, aus Sécherheetsgrënn. Iwwerdeems de Me Laurent Ries um Ufank vun der Sëtzung zu Protokoll ginn hat, säi Client Fränk Schneider wier "empechéiert".
D'Urteel soll a knapp sechs Woche gesprach ginn.