arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Suite an der Klo vu Geschäftsmann géint Reporter.lu

Justiz

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Suite an der Klo vu Geschäftsmann géint Reporter.lu

Um Référésgeriicht an der Stad ass de Presseprozess vum Geschäftsmann Pierre Grotz géint ënner anerem eng Journalistin vu reporter.lu virugaangen. No enger éischter Sëtzung viru knapp 3 Wochen hat de Geschäftsmann fir d’Suite eng Kautioun vun 10.000 Euro bezuelt.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Stater Geriicht | © Eric Ewald
Stater Geriicht (Foto: Eric Ewald)

Déi hat eng éischt Référésriichterin festgehalen, am Hibléck dorop, datt de Mann eventuell an der Suite vun der Affär zum Bezuele vu Schuedenersatz géif condamnéiert ginn.

Enn Februar hat reporter.lu en Artikel iwwer de Pierre Grotz publizéiert, well deen, an Ofwiesenheet, wéinst schwéierem Steierbedruch, zu enger Geldstrof vun 200.000 Euro verurteelt gi war. De Geschäftsmann war doriwwer net frou an hat d’Journalistin an den Online-Magasinn ugesicht.

"Kann e Riichter decidéieren, datt ee Presseartikel geläscht gëtt?"

Fir de Me Laurent Ries, Affekot vum Pierre Grotz, geet d’Affär op eng Steiergeschicht am Zesummenhank mat engem Terrain a Frankräich zeréck. Dës Affär wier ee “gefundenes Fressen" fir d’Journalistin gewiescht. Déi hätt nämlech en Artikel publizéiert, mam Numm vu sengem Client.

E pseudonymiséiert Urteel wier net weiderzeginn, an hei wiere Limitten iwwerschratt ginn, sou den Affekot vum Geschäftsmann. Dee wëll, datt den Artikel geläscht gëtt.

 “Kann e Référésriichter decidéieren, datt e Presseartikel geläscht gëtt?”, huet de Me Charel Müller, Affekot vu reporter.lu, gefrot. Fir ze äntweren: “Fir mech net.”

De Pierre Grotz hätt och keen Droit de réponse beim Online-Magasinn gefrot.

Urteel den 8. Mee

Den Affekot vu reporter.lu fuerdert dowéinst ënner anerem ronn 10.000 Euro Indemnité de procédure, genee wéi de Me Sünnen, den Affekot vun der Journalistin. Dee sot, Schwieregkeete gehat ze hunn, fir ze verstoen, wat gefrot wier. Sou datt zu allem an zu näischt Positioun ze bezéie wier.

De Me Sünnen huet betount, datt dëst net déi éischt SLAPP-Klo géint d’Journalistin wier. Sou gi jo Kloe genannt, mat deene kritesch Stëmme sollen intimidéiert oder ënnerdréckt ginn, wa si sech an Affäre vun ëffentlechem Intressi zu Wuert mellen.

D’Zil vu sou Kloen ass et net, fir ee Prozess ze gewannen, mee fir d’Participatioun un enger ëffentlecher Debatt ze verhënneren. Doduerch géif Drock op d’Press gemaach a versicht ginn, se ze zensuréieren. Et wier och net an der Rei, datt een Artikel vun ëffentlechem Intressi sollt verschwannen, wéi vun der Géigesäit verlaangt.

D’Urteel an dëser Affär gëtt den 8. Mee gesprach.

 

play_arrow Lauschteren