Dräi Persounen aus Lëtzebuerg hu gëschter um Findel de Fliger a Richtung Barcelona geholl. Zwou weider Persounen aus Lëtzebuerg sollen nach nofléien. Vu Barcelona aus soll déi zweet international Flotilla den 12. Abrëll starten.
Ronn 100 Schëffer mat 2 Missiounen
D’Zil vun der sougenannter Global SUMUD Flotilla ass et, Liewensmëttel, Medikamenter, a Personal an de Beräicher Gesondheet an Educatioun an déi palästinensesch Gazasträif ze bréngen.
Dat zweet Zil ass et, op déi desastréis humanitär Situatioun an der Gazasträif opmierksam ze maachen.
Am September zejoert ware 46 Seegelschëffer vun der Flotilla bal bis bei d’Küst vun der Gazasträif ukomm. Si waren do vun der israeelescher Arméi gestoppt ginn.
Dës Kéier sinn eng 100 Seegelschëffer mat ronn 1.000 Leit ënnerwee.