search

/ Zwee Jongen, déi an Däitschland vermësst goufen, sinn zu Lëtzebuerg fonnt ginn

Parquet

|
headphones

1 min

Zwee Jongen, déi an Däitschland vermësst goufen, sinn zu Lëtzebuerg fonnt ginn

De Mëtteg sinn hei zu Lëtzebuerg zwee Jongen fonnt ginn, déi an Däitschland vermësst goufen. Dat mellt d‘dpa. Déi zwee Cousine vun 9 an 10 Joer waren zënter e Méindeg an hirem Duerf an Niedersachsen als vermësst gemellt.

headphones

1 min

EPA/JAN WOITAS | © EPA/JAN WOITAS
Däitsch Police (Foto: EPA/JAN WOITAS)

Zwee Deeg laang si si mat Sichhënn an Helikoptere gesicht ginn, ouni Succès. De Mëtteg konnten si zu Lëtzebuerg a Begleedung vun engem Familljemember lokaliséiert ginn.

Géint den 30 Joer ale Mann gouf elo vum Parquet vun Oldenburg eng Enquête wéinst Verdacht op Mathuele vu Mannerjäreger opgemaach. Déi zwee Jonge wieren elo zu Lëtzebuerg opgeholl ginn an hir Heemrees géif organiséiert ginn.

Weider Detailer, wéi d‘Kanner op Lëtzebuerg komm sinn an ob eventuell nach aner Persounen implizéiert waren, sinn nach net bekannt. D‘Jonge wieren awer ni a Gefor gewiescht.