Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
search

/ Zwee Israeelesch Offizéier entlooss no Attack op Mataarbechter vun Hëllefsorganisatioun

Noen Osten

Zwee Israeelesch Offizéier entlooss no Attack op Mataarbechter vun Hëllefsorganisatioun

Wéinst den déidlechen Dronenattacken op Mataarbechter vun der Hëllefsorganisatioun „World central Kitchen“ an der Gazasträif, huet dat israeelescht Militär zwee Offizéier entlooss.

auto_stories

1 min

Gaza World Central Kitchen | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Gaza World Central Kitchen (Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

Si hätten entscheedend Informatioune falsch behandelt a géint Asazreegele verstouss heescht et. D‘Hëllefsorganisatioun „World Central Kitchen“ huet Entloossung als ee wichtege Schrëtt bezeechent.

Si fuerdert awer nach eng onofhängeg Kommissioun déi déi déidlech Attacke soll ënnersichen. E Méinde ware 7 Mataarbechter bei enger israeelescher Loftattack ëmbruecht ginn. Obwuel d‘Gefier däitlech gekennzeechent war an d‘Arméi Bescheed wosst.