Radioen

On air

Notturno  |  Yussef Dayes - Rust Feat. Tom Misch

play_arrow Live
search

/ "Zustrombegrenzungsgesetz“ krut am däitsche Bundestag keng Majoritéit

Däitschland

"Zustrombegrenzungsgesetz“ krut am däitsche Bundestag keng Majoritéit

Dat sougenannten "Zustrombegrenzungsgesetz“ krut am däitsche Bundestag keng Majoritéit. No enger hëtzeger Debatt iwwer d‘Verschäerfung vu Migratiounsreegelen am Parlament gouf et 338 Jo- an 350 Nee-Stëmmen. 5 Deputéiert hu sech enthalen.

auto_stories

1 min

Bundestag | © picture alliance/dpa | Christoph Soeder
Bundestag (Foto: picture alliance/dpa | Christoph Soeder)

U sech hätten Unioun, FDP, AfD a BSW zueleméisseg eng Majoritéit gehat am Bundestag – also all déi Parteien, déi sech fir de Gesetzesprojet ausgeschwat hunn. 

De Vott gouf moies ënnerbrach, fir weider Berodungen ze erméiglechen.

D‘Perspektiv, datt déi oppositionell CDU de Projet mat de Stëmme vun der AfD kéint duerchbréngen, hat fir Protester am Land gesuergt.