Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiesstudio

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zukünfteg Euro-Schäiner: Flëss, Villercher a Kultur als méiglech nei Motiver

EZB-Ëmfro

Zukünfteg Euro-Schäiner: Flëss, Villercher a Kultur als méiglech nei Motiver

D‘Europäesch Zentralbank huet gëschter een nächste Schrëtt an der Gestaltung vun der nächster Generatioun vun Euroschäiner ageleet. No enger Ëmfro an der Ëffentlechkeet am Summer huet den EZB-Conseil gëschter zwee méiglech Sujete fir d‘Ausgesi vun de Schäiner zeréck behalen: „Flëss a Villercher“ souwéi „Europäesch Kultur“. 

auto_stories

1 min

Elo soll en Aarbechtsgrupp Motiver proposéieren. Uschléissend soll en Design-Concours lancéiert ginn, kann een um Site vun der EZB liesen. Viraussiichtlech 2026 kéint eng endgülteg Decisioun falen. Bis déi éischt Schäiner dann an Ëmlaf kommen, wäert et awer wuel nach e puer Joer méi laang daueren.

D‘EZB hat am Dezember 2021 de Prozess fir eng Neigestaltung vun de Schäiner lancéiert, 20 Joer no der Aféierung vum Euro.