Radioen

On air

Spektrum  |  Marcus King - Hero

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zuele vu Covid- a Grippe-Infektioune sinn um klammen

Santé

Zuele vu Covid- a Grippe-Infektioune sinn um klammen

D‘Zuel u Covid-Infektiounen hei am Land ass nees um Klammen. Wéi de Gesondheetsministere matdeelt goufen tëscht dem 27. November an dem 3. Dezember 460 Fäll gemellt. Dat ass ee Plus vu 44 Prozent par rapport zu der Woch virdrun. De Positivitéitstaux läit bei 26 Prozent.

auto_stories

1 min

Och d‘Gripp avancéiert weider: hei gouf et mat 49 Fäll ee Plus vun 19 Prozent. Dat selwecht gëllt fir den RSV-Virus, deen Otemwee-Infektiounen ausléist. Hei gouf et mat 116 Fäll ee Plus vu 16 Prozent gezielt.