Wéi déi international Campagne fir de Verbuet vu Landminnen haut zu Genf matgedeelt huet, goufen d‘lescht Joer iwwer 600 Fäll dokumentéiert. Russland hätt zanter der Invasioun am Februar d‘lescht Joer, an eelef vun de 27 ukrainesche Regioune Landminne verluecht.
Weltwäit ass d‘Zuel vun den offiziellen Affer vu Minne vun iwwer 5.500 op knapp iwwer 4.700 gefall. 1.700 Mënsche sinn doduerch ëm d‘Liewe komm. Déi meescht a Syrien an am Afghanistan. 85 Prozent vun den Affer si Kanner an Zivilisten.
60 Länner wieren nach mat Landminne verseucht.