Radioen

On air

E-Lodie  |  

play_arrow Live
search

/ Zuel vun E-Autoe bis 2030: Regierung hält un hirem Zil fest

PNEC

Zuel vun E-Autoe bis 2030: Regierung hält un hirem Zil fest

D‘Regierung hält weider um Zil fest fir datt bis 2030 49 Prozent vun allen nei-immatriculéierten Autoen elektresch fueren. Dat Zil vum PNEC wier ambitiéis, mee realistesch, sou d‘Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro.

auto_stories

1 min

© NVB Stocker/Adobe Stock
(Foto: NVB Stocker/Adobe Stock)

Den Undeel u rengen Elektroautoen hätt déi lescht fënnef Joer konstant zougeholl. Dat gëllt speziell fir Firmen- a Leasingsautoen. Virun allem bei Elektroautoe wier de Leasing gefrot.

Bei den Hybridween stagnéiert d‘Zuel, Waasserstoffautoe bleiwen dergéint e Randphenomeen, ouni Entwécklung no uewen.

Mat der aktueller Primmepolitik geet d‘Ministesch dann och dervunner aus, datt dës Entwécklung an där selwechter Richtung wäert weider goen.