Radioen

On air

Notturno  |  Rufus Ready - Pirate's Gospel

play_arrow Live
search

/ Et kënnt zum Mësstrauensvott géint déi griichesch Regierung 

Zuchongléck vun 2023

Et kënnt zum Mësstrauensvott géint déi griichesch Regierung 

Wéinst dem déidlechen Zuchaccident a Griicheland viru gutt engem Joer huet d‘Oppositioun e Mësstrauensvote géint déi konservativ Regierung ugefrot. Si ginn der Regierung d'Schold um Zuchongléck.

auto_stories

1 min

© picture alliance / ANE / Eurokinissi | Leonidas Tzekas / Eurokinissi
Foto: picture alliance / ANE / Eurokinissi | Leonidas Tzekas / Eurokinissi

Beim Accident den 28. Februar zejoert ware 57 Leit ëm d‘Liewe komm. Dat nodeems zwee Zich frontal anenee gerannt waren. D‘Oppositioun gehäit der Regierung vir, d‘Sécherheet vum Zuchreseau jorelaang vernoléissegt ze hunn. Dat hätt d‘Regierung awer wëlle vertuschen, andeems se d‘Schold um Accident ganz op e Feeler vum zoustännege Chef de Gare geluecht hätt.

De Mësstrauensvott soll den Owend spéit géint Mëtternuecht Lokalzäit sinn.