Dat hätt zum Deel domat ze dinn, datt wärend der Pandemie net an deem Mooss konnt rekrutéiert ginn, wéi dat néideg gewiescht wier. Elo gëtt probéiert, dee Retard opzehuelen, mat dëst Joer 40 bis 50 neien Zuchbegleeder, déi sollen agestallt ginn. Aktuell beschäftegen d’CFL 260 där Zuchbegleeder. Dee Chiffer wäert deen een oder aneren iwwerraschen.
D’Eisebunn - dat sollt een net vergiessen - zirkuléiert siwen Deeg op siwen, net grad, mee bal ronderëm d’Auer. Do brauch een eben e gewësse Pool vu Leit. All Dag sinn et der 150, déi um Déngschtplang stinn, fir am Ganzen eng 1.000 Zuchverbindungen ze assuréieren.
Zuchbegleeder: Een enke Kontakt mam Client
An der 1. Klass sinn nach ëmmer Billjeeën ze kontrolléieren. Dat ass deemno eng Missioun bliwwen, och nach haut. Fir de Rescht ass den Zuchbegleeder deen, deen op all Gare d’Signal gëtt, wann et fort geet. Hien ass Uspriechpartner fir d’Passagéier, oder wa se Froen hunn. Hie suergt och, wann néideg, fir Uerdnung a Sécherheet am Zuch.
De Kevin Ferreira wollt e méi enke Kontakt mam Client an ass dofir vun enger Aarbecht hannert dem Büro an de Beruff vum Zuchbegleeder gewiesselt. E Choix, deen hien net bereit huet. Am Géigendeel: et motivéiert hie fir eng méi ofwiesslungsräich Aarbecht ze hunn a méi mat Mënschen a Kontakt ze sinn.
Eng theoretesch an eng praktesch Formatioun
Am Moment ginn och weider Zuchbegleeder rekrutéiert a forméiert. Bis e Stagiaire eleng kéint fueren, géif et siwe Méint daueren, erkläert de Sven Feitler vun der Eisebunn.
"Et ginn theoretesch Formatiounen a praktesch Formatiounen, wou se mat engem zertifiéiertem Zuchbegleeder scho matfueren. Si si schonn agestallt, si kréien och eng Pai. Als Stagiaire musse se léieren, nolauschteren an Tester packen."
Fir den Ëmgang mat aggressive Clienten ze léieren, bitt d'CFL och psychologesch Formatiounen un, an deenen et generell ëm Deseskalatioun geet. An et gëtt esou guer eng intern Self-Defense-Formatioun.
Mat engem DAP oder engem CATP kann ee sech bei der CFL mellen, enger Troisième oder Deuxième vum Enseignement Général oder Quatrième oder Troisième vum Enseignement Classique.
Alessandra Nonnweiler: Schwéier fir genuch Leit ze fannen
D'CFL schreift hir oppe Plazen op hirem Site aus, seet d'Alessandra Nonnweiler. D'Situatioun um Aarbechtsmarché wier awer weider ganz ugespaant, zu Lëtzebuerg a souguer iwwer d'Grenzen eraus. Fir dëst Joer rechent d'Pressespriecherin vun den CFL domat, datt ee ka bis zu 50 nei Zuchbegleeder wäert kënnen astellen. D'Alessandra Nonnweiler weist dann och drop hin, datt d'CFL mëttlerweil och Leit astellt, déi temps partiel wëlle schaffen.
Weider Informatiounen zum Recrutement als Zuchbegleeder fannt dir op www.cfl.lu