D‘Reduktioun vum Gas zu Lëtzebuerg hätt domat nees iwwert dem EU-Zil vu 15 Prozent geleeën. Déi 15 Prozent Reduktioun vum Gasverbrauch war wéinst dem Ukrainkrich op fräiwëlleger Basis vun den EU Memberlänner decidéiert ginn. D‘Mesure gouf dëst Joer verlängert.
D'Zil dovu wier, fir sech op de Wanter virzebereeden an d‘Versuergung mat Gas an der EU ze garantéieren, esou de Ministère.