Radioen

On air

Tockcity  |  Dope Lemon - Electric Green Lambo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zu Lëtzebuerg feelt et u Lycéeën

Neie Plan directeur sectoriel Lycée

Zu Lëtzebuerg feelt et u Lycéeën

An der Chamberskommissioun fir d'Educatioun goung et gëschter um Dënschdeg ëm d'Fro, wéi vill Lycéeë Lëtzebuerg an den nächste Jore brauch. Op Ufro vun der LSAP goufen Detailer zum Plan directeur sectoriel Lycée gefrot. Kloer ass: Et ass net méi vill Sputt fir nei Schüler:innen.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

© picture alliance/dpa | Taylan Gökalp play_arrow
(Foto: picture alliance/dpa | Taylan Gökalp)

Dëse Plang, deen een Instrument vun der Landesplanung ass, leet fest, wéi vill Lycéeën uechtert Land wou gebaut solle ginn, fir datt et net zu Enkpäss kënnt. De leschte Plang datéiert vun 2005 a sämtlech Lycéeën, déi do geplangt waren, vum Lycée Belval iwwer den Atert Lycée bis hin zu Jonglënster a Klierf, si mëttlerweil gebaut. Elo schafft een dann un engem neie Plan directeur, dee soll 2028 fäerdeg gestallt ginn.

Och kuerzfristeg Léisunge solle fonnt ginn

Nach dëst Joer wëll een awer festleeën, op wéi eng Sitten déi Lycéeë solle kommen. Dat Ganzt ass awer eng Saach, déi sech iwwer laang Joren zitt. De Plang vun 2005, deen ass elo mol sou lues ëmgesat. Mir sinn 2025. An dat ass och de Problem fir d'Zukunft. De Statec huet nämlech festgestallt, datt Lëtzebuerg momentan mat ronn 49.000 Schüler op insgesamt 53.360 Lycéesplaze ferm beluecht ass. Et bleift e Sputt vu siwe Prozent.

Dat ass ze niddreg, och wann do vill Klasse fräi sinn. Dat weess och den Educatiounsminister Claude Meisch.

"Mir ginn dovunner aus, wa mir eis op Statec-Zuele baséieren, wa mir awer och kucken, wéi d'Entwécklung bei de Schüler war an de leschte Joren, da wäert e Besoin entstoen, fir weider Schoulcapacitéit ze schafen."

Fir kuerzfristeg Léisungen ze fannen, setzt een dann och virleefeg emol op den Ëm- respektiv Ausbau vu besteeënde Schoulen.

"Mir kucken do, wou dat méiglech ass. Well dat eng Méiglechkeet ass, fir dat relativ zäitno ze maachen. Alles dat, wat mir hei diskutéieren an engem neie Plan sectoriel, musse mir wëssen. Do rëtsche mir natierlech wäit an d'2030er Joren eran."

Nieft dem Ausbau vu verschiddene Gebaier kommen awer och nach dräi ëffentlech Europaschoulen derbäi. Dat soll an deene Regioune sinn, wou d'Schüler am meeschten dem Profil entsprieche fir Europaschoulen: Dat heescht am Süden an am Zentrum vum Land.

Privatschoule ginn net berücksichtegt

D'Schülerzuel klëmmt esou staark, well d'Zuel vun de Leit, déi op Lëtzebuerg awanderen, zouhëlt. Op där anerer Säit ginn awer an den nächste Joren och einfach keng nei Lycéeë méi op. Den Drock op Capacitéiten hëlt also weider zou. Dat gesäit een aktuell och an de Grondschoulen. Op deenen Zuele baséiert natierlech dat, wat an den nächste Joren an de Lycéeë geschitt. Dat gëllt besonnesch och fir déi ëffentlech Europaschoulen, déi weiderhi ganz beléift sinn. Vläicht grad well do d'Promotiounskrittären net ganz esou streng sinn, wéi an deenen aneren ëffentleche Lycéeën.

D'Privatschoulen, déi den offizielle Lëtzebuerger Programm anhalen, déi ginn am Plang awer net matgezielt, obwuel se bal ee Véierel vum Effektiv ausmaachen, Et kéint ee jo net de Privatschoule virschreiwen, wou déi sech sollen néierloossen. Déi kéime mat hirem eegenen Terrain, esou de Minister Claude Meisch.

Kloer ass awer, datt déi de System momentan zolidd entlaaschten an dofir och finanziell entschiedegt ginn.

Sech fir Schoule staark maachen

Interessant war gëschter och ze héieren, wéi sech déi Deputéiert an den ëffentleche Sitzunge fir hir respektiv Walbezierker staark gemaach hunn. Déi meescht hu sech dobäi fir Schoulen an hire Regiounen agesat. D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer wollt allerdéngs verséchert kréien, datt d'Lycéeën um Lampertsbierg - wéi versprach - anzwousch anescht hikommen. "Jo", sot de Minister, allerdéngs wäert do fir eng Antenne vun der Europaschoul Gaston Thorn op déi Plaz kommen.

Lauschterenplay_arrow