Radioen

On air

Notturno  |  Jaunt - Holding On To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Zu Besuch am "neie" Resistenzmusée

Den Hallwer Néng

Zu Besuch am "neie" Resistenzmusée

De Resistenzmusée zu Esch gouf frësch renovéiert. Den 1. Mäerz gi seng Dieren no bal sechs Joer also nees op. Wat erwaart d’Visiteuren an der neier Dauerausstellung? De Maurice Molitor duerft puer Deeg virun der Porte ouverte well kucke goen.

auto_stories

8 min

headphones

20 min

MNRDH | © MNRDH play_arrow
Den 1. Mäerz mécht de Resistenzmusée zu Esch nees seng Dieren op. (Foto: MNRDH)

Zanter aacht Joer gouf um Projet, de Musée National de la Résistance et des Droits Humains (MNRDH) ze renovéieren, geschafft. Déi lescht sechs Joer war de Musée zou. Elo geet en nees op, an dat mat enger neier Dauerausstellung.

Héich Zäit fir eng nei Ausstellung

1956 ass de Resistenzmusée als Musée a Monument des morts opgaangen. Et war awer kee klassesche Musée mat Ausstellungstexter, wéi een et vun haut kennt. Et stounge just puer Objeten an Urnen a Vitrinnen. Fir de Rescht war de Musée zimmlech eidel. Fir den haitegen Direkter, de Fränk Schroeder, war et dat awer dat éischt Muséesgebai, dat wierklech als Musée gebaut ginn ass.

Et huet bis an d’80er Jore gebrauch, bis ee Bewosstsinn dofir entstanen ass, wéi u sech ee Musée misst opgebaut ginn. Tëschen 1985 an 1987 ass de Musée dunn nei gemaach ginn a krut eng historesch Ausstellung. Déi ass awer elo komplett iwwerlieft gewiescht, esou de Muséesdirekter.

D'Elisabeth Hoffmann an de Fränk Schroeder vum Escher Resistenzmusée. | © Maurice Molitor
D'Elisabeth Hoffmann an de Fränk Schroeder vum Escher Resistenzmusée. (Foto: Maurice Molitor)

De Kontext-Raum

De Musée zielt ronn 6.000 Objeten, Fotoen an Dokumenter. Et war ee richtegen Challenge fir all dat auszestellen, ouni datt et iwwerfëllt ass, erkläert d’Elisabeth Hoffmann. Schlussendlech huet ee sech op ee Konzept gëeenegt, dat d’Ausstellung an zwee Haaptdeeler opspléckt.

Den Deel um Rez-de-chaussée beschreift den Alldag wärend der Nazi-Zäit. Ee Raum déngt dozou, Kontext ze schafen: NS-Strukturen an d’Gestapo ginn erkläert, genau sou wéi d’Liewen an engem totalitärem Staat. De Visiteur kritt unhand vun enger Timeline och gewisen, wou sech déi Lëtzebuerger Geschicht am internationale Kontext placéiert.

Den éischte Stack vun der Ausstellung beliicht dann d’Reaktiounen op den nationalsozialistesche Regime, an d’Aktiounen, déi aus deene Reaktiounen ervir ginn. Et ginn déi verschidde Fäll virgestallt: Iwwerzeegten Nationalsozialist sinn a kollaboréieren, géint déi eegen Iwwerzeegung matschaffen, an natierlech och Widderstand leeschten. De Fränk Schroeder betount, datt et vill Grozone ginn, an datt et haut schwéier ze verstoen ass, wéi engem Drock déi eenzel Leit deemools ausgesat waren.

De frësch renovéierte Musée National de la Résistance et des Droits Humains. | © MNRDH
De frësch renovéierte Musée National de la Résistance et des Droits Humains. (Foto: MNRDH)

D’Ausstellung weist och, wat alles gemaach konnt ginn, fir an enger Diktatur Widderstand ze leeschten. Graffitie molen, Fluchblieder verdeelen, bewaffnete Widderstand leeschten, Leit verstoppen oder se iwwer d’Grenz bréngen.

Zum Schluss gëtt dann och erkläert, wat geschitt, wann een erwëscht ginn ass. Wat geschitt an der Villa Pauly, wann ee vun der Gestapo verhéiert gëtt? Wat geschitt an de Konzentratiounslager? Ënner anerem unhand vun Objete ginn dës Froe beäntwert.

D’Barack vun Hinzert: D’Häerzstéck vun der Ausstellung

An dësem Deel trëfft de Visiteur dann och op eent vun de beandrockensten Ausstellungsstécker am Musée: d’Baraque vun Hinzert. 1950 sinn Deeler vun der Prisongsbaraque vum Konzentratiounslager Hinzert op Lëtzebuerg komm, erkläert d’Elisabeth Hoffmann. Et sollt ee Lieu de mémoire gemaach ginn, wat schlussendlech awer ni geschitt ass, soudass se 1953 verkaf ginn ass an hir Spuere verschwonne sinn.

An den 1980er ass eng Hinzerter Barack zu Stengefort opgetaucht, déi do als Juegdhütt an engem Bësch stoung. Déi ass dunn 1988 als Monument national klasséiert ginn. An den 1990er huet sech dunn awer rausgestallt, datt vun den Dimensiounen hir et sech net ëm déi Prisongsbarack aus den 1950er kéint handelen. Et koum een zur Konklusioun, datt et sech ganz warscheinlech ëm eng Schreibstube aus dem administrativen Deel vum Lager Hinzert handelt. Well se manner Symbolik huet, wéi eng Prisongsbarack, an där och Lëtzebuerger Prisonéier festgehale goufen, gouf d’Schreibstube net opgebaut. 2016 gouf awer dunn decidéiert, se awer an déi nei Ausstellung mat ze integréieren.

Ee Bléck an déi nei Ausstellung. | © MNRDH
Ee Bléck an déi nei Ausstellung. (Foto: MNRDH)

Ee Musée fir Mënscherechter an de Lien zu haut

Direkt am Ufank am groussen Hall vum Musée gesäit ee Biographië vun 28 Zäitzeien, bekannter an onbekannter. Et sol lee Spigel vun der Gesellschaft vun deemools sinn, sou d’Elisabeth Hoffmann. D’Biographië goufen awer och unhand vu verschiddene Critèrë rausgesicht: et huet een eng Foto vun der Persoun gebraucht, eng Ausso vun der Persoun an Ech-Form, an een Objet a Relatioun mat der Biographie.

Um éischte Stack fënnt de Visiteur dann nees Biographien. Dës Kéier vu Flüchtlingen, déi zu Lëtzebuerg gelant sinn, an déi iergendwou an der Welt Mënscherechtsverletzungen erlieft hunn. Hei gëtt de Lien zur Aktualitéit gemaach, erkläert de Muséesdirekter Fränk Schroeder. Zanter 2018 ass d’Wuert “Mënscherechter” nämlech och am Numm vum Musée dra verankert. Wéi ass d’Situatioun an Europa? Wéi ass se zu Lëtzebuerg? Et gi Froen zur Universalitéit vun de Mënscherechter gestallt.

D'Schreibstube vun Hinzert. | © MNRDH
D'Schreibstube vun Hinzert. (Foto: MNRDH)

De Visiteur soll wärend der Visitt de Bezuch zur Aktualitéit am Kapp halen. Dat ass d’Iddi dohannert. Och an der historescher Ausstellung gëtt esou de Bezuch zu haut oprecht erhalen. De Fränk Schroeder erkläert, datt d’Diktaturen haut no den nämmlechte Prinzippie funktionéieren, wéi fréier, an de Widderstand géint se och. Just d’Moyenen hätte sech geännert.

Ee ganze Raum fir temporär Ausstellungen

An Zukunft sollen am Musée ee Mix aus historeschen Ausstellungen an Ausstellung am Bezuch op Mënscherechter organiséiert ginn. Sou geet den 13. Mäerz zum Beispill eng temporär Ausstellung zum Theema “Vergiessen Affergruppen am Nationalsozialismus” op. Ee ganze Stack ass fir temporär Ausstellunge reservéiert.

Mat enger Nocturne feiert den neie Resistenzmusée den 1. Mäerz seng Reouverture. Ab 18 Auer sinn d’Diere fir de Public op, a bis 22 Auer kënnen d’Visiteuren déi nei Ausstellung kucke goen. Weider Informatioune ginn et op mnr.lu.


Lauschterenplay_arrow