Radioen

On air

Kultur um 5  |  Expizit - Implizit

play_arrow Live
search

/ Zousazpensiounen: Wéi funktionéiert den drëtte Pilier vum Pensiounssytem?

Pensiounssystem

Zousazpensiounen: Wéi funktionéiert den drëtte Pilier vum Pensiounssytem?

D‘Pensiounsversécherung riskéiert an den nächste Joren an de finanziellen Desequiliber ze geroden. D‘CSV-DP-Regierung wëllt de System laangfristeg ofsécheren, andeems den zweeten an drëtte Pilier, also déi betriblech a privat Zousazpensiounen, gestäerkt ginn. Déi Propos huet fir vill Kritik gesuergt.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Enn 2022 waren hei am Land ronn 134.500 assurances prévoyance-vieillesse registréiert, wat Dépôten an Héicht vun annerhallwer Milliarden Euro entsprécht. Méi wéi e Véierel vun der aktiver Populatioun, als ronn 510.000 Leit, haten also zu deem Zäitpunkt, eng privat Zousazpensioun ofgeschloss. Op d‘Joer virdru gekuckt, waren et eng 10.000 nei Kontrakter, präziséiert den Administrateur délégué vum Assurancëverband ACA, Marc Hengen. 

„Am Moment sinn et Produite wou eng Garantie do ass, déi bei de Leit gefrot sinn. Eng Garantie, dat heescht, datt den Assureur sech engagéiert fir e gewëssent Kapital zum Schluss vum Kontrakt dat heescht fréistens bei 60 Joer auszebezuelen."

Et géif awer och aner Formulle ginn, wou et fir de Client keng esou Garantie gëtt. Dofir géif et awer Contre-valeure ginn, déi vu Sicaven ausbezuelt ginn.

Béid Variante vermëschen

Oder et kann een och béid Variante matenee mëschen. Wärend de leschte Joren, wou d‘Zënsen déif waren, hätten d‘Leit léiwer a Fongen investéiert, well se potentiell méi Rendement bréngen.

Mat den Zënserhéijunge wéilten d‘Assuréen elo nees méi Garantien, sou de Marc Hengen. 3.200 Euro vun deem, wat ee pro Joer abezilt, kann een iwwregens vun de Steieren ofsetzen.

„Et kann een dat och variéieren iwwer d‘Zäit. Am Ufank bësse manner, vläicht duerno bësse méi. Dat gëtt et. Mir mierken, datt och schonn eng ganz Rei Jonker sou een ofschléissen, wann et an de Budget passt, an da sech fir eng ganz laang Dauer dorop verloossen. Wat d‘Dauer och méi grouss ass, wat zum Schluss d‘Kapital och méi grouss ass.“

Privat Rente ginn net indexéiert

Déi Zomm, déi een um Enn vun der Lafzäit zesumme gespuert huet, kann een dann entweder an enger Kéier oder an e puer järleche Bléck ausbezuelt kréien, oder iwwert eng fest geluechte Period all Mount eng Zousazpensioun iwwerwise kréien.

Wéinst deene klenge Montanten ass dat fir d‘Leit awer éischter oninteressant. Och wichteg ze wëssen: Déi privat Rente gi weder indexéiert, nach un d‘Realléin ugepasst, sou wéi et fir d‘Montanten aus dem éischte Pilier, der Pensiounskeess, de Fall ass.

Lauschterenplay_arrow