Joe Biden, Barack Obama a Bill Clinton: Si dräi ware gëschter Owend zu New York fir eng grouss Fundraising-Manifestatioun zu Gonschte vum aktuellen US-President Joe Biden beieneen. Suen, déi hie brauch, fir de Presidentewalkampf am November.
Mat zwee fréieren US-Presidenten u senger Säit huet d‘Ekipp vum Biden 26 Milliounen Dollar gesammelt. Dës Walkampfshow gouf awer mat Tëscheriff géint déi aktuell Noostpolitik vun der amerikanescher Regierung ënnerbrach.
Ënner anerem wéinst där Politik steet de Biden aktuell an den Ëmfroe schlecht do. Dobäi fannen och vill Wieler, datt d‘Wirtschaft schlecht do steet. Niddereg Ëmfrowäerter huet de Biden och wéinst sengem héijen Alter.
Gëschter waren hien an zwee vu senge Virgänger op der Wahlmanifestatioun ëm Liichtegkeet an Humor beméit.