Dës Waffepaus wier fir déi israeelesch Arméi eng Geleeënheet fir Waffen nozeliwweren a weider Aktiounen ze plangen, mengt den israeelesche Verdeedegungsminister Joav Galant an der israeelescher Press. Et géif ee plangen op d’mannst 2 weider Méint an der Gazasträif ze kämpfen, annoncéiert de Joav Galant.
Et géing een hoffen, datt haut déi éischt israeelesch Geisele kéinte vun der Hamas fräigelooss ginn. D’Zuel vun 13 stéing am Raum, dofir wéilt Israel palestinensesch Prisonéier fräiloossen.