Radioen

On air

E-Lodie  |  Robert Farrugia - Ballottra

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zäitëmstellung: D‘Auer gëtt an der Nuecht op e Sonndeg eng Stonn zeréckgestallt

Wanterzäit

Zäitëmstellung: D‘Auer gëtt an der Nuecht op e Sonndeg eng Stonn zeréckgestallt

Dës Nuecht fänkt d‘Wanterzäit un an d‘Auer gëtt ëm eng Stonn zeréck geréckelt. D‘EU-Deputéiert hunn d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen dozou opgefuerdert, d‘Ofschafe vun der Zäitëmstellung virunzedreiwen.

auto_stories

1 min

© Bigstock / Rafael Ben Ari
Foto: Bigstock / Rafael Ben Ari

An engem oppene Bréif, aus deem déi däitsch Presse-Agence zitéiert, heescht et, dëse System wier vereelzt. Onnéideg Belaaschtunge fir d‘Bierger:inne misste reduzéiert ginn an dat alldeeglecht Liewe vun der ganzer Unioun misst vereinfacht ginn. Mat ënnerschriwwen hunn de Bréif iwwer 60 Deputéiert aus verschiddene Länner a politesche Fraktiounen.

Schonn 2019 hat sech d‘EU-Parlament dofir ausgeschwat, d‘Zäitëmstellung ofzeschafen. D‘Memberstaate konnte sech awer bis elo net drop eenegen, ob dann elo d‘Summer- oder d‘Wanterzäit dauerhaft gëlle soll.