Dës Woch kéint decisiv fir d’Diplomatie ginn, esou d’EU-Baussebeoptragten Kaja Kallas iwwer déi amerikanesch Initiativ fir de Krich an der Ukrain op en Enn ze bréngen.
Zu Bréissel sinn d’Defense-Ministeren a Ministeschen aus de 27 EU-Länner beieneen.
Kaja Kallas: Iddi vum “Reparatiouns-Prêt” weider wichteg
D’Iddi, der Ukrain ee gudden Deel vum immobiliséierte russesche Staatsverméigen a Form vun engem “Reparatiouns-Prêt” zoukommen ze loossen, wëllen déi meescht wuel trotz der vehementer Oppositioun aus der Belsch net fale loossen.
D’EU-Chefdiplomatin sot, d’Europäesch Unioun kéint d’Positioun vun der Ukrain doduerch verstäerken, andeems den Drock op Russland weider erhéicht gëtt. Dozou gehéiere weider Sanktiounen, esou d’Estin.
Och d’Benotze vum russesche Staatsverméigen fir d’Ukrain, wat gréisstendeels an der Belsch immobiliséiert ass, géing eng wichteg Roll spillen.
Russland hätt grouss Angscht do virdrun, esou d’Kaja Kallas.
De belsche Premier Bart de Wever hat d’Iddi déi lescht Woch als “fundamental falsch” bezeechent a virun de Risike gewarnt.
Säi Bréif un d’EU-Kommissioun suergt op der Reunioun vun den Defenseministeren- a Ministesche fir Diskussiounen.
EU-Contributioune fir d’Ukrain ginn erof
Eng Alternativ zu deem Reparatiouns-Prêt vun der EU un d’Ukrain gëtt et net, ënnersträicht de schweedeschen Defenseminister Pal Jonson.
Et hätt een an der Lescht gemierkt, datt d’Contributioune vun den EU-Memberlänner fir d’Ukrain erofginn.
"Vill EU-Länner hunn héich Scholden an niddereg Croissance. Dowéinst ass et evident, datt d’Ukrain op déi russesch Suen ugewisen ass, fir weider ze kämpfen, dat ass kruzial."
Backes: Lëtzebuerg konstruktiv, mee mécht sech weiderhin “e bësse Suergen”
Lëtzebuerg iwwerdeems stellt sech net direkt op d’Säit vun der Belsch. D’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes weist op weiderhin oppe Froen hin, wat de juristesche Kader ugeet oder de Risiko fir d’Finanzmäert.
"Hei sinn e puer Saachen, wou mir eis e bësse Suerge maachen. Do hu mer vum Ufank un gesot, doriwwer muss diskutéiert ginn."
Lëtzebuerg géif sech an deenen Diskussiounen “konstruktiv” ginn, esou d’Verdeedegungsministesch.
80 Prozent vu Munitiounshëllef fir d’Ukrain beieneen
Op der Reunioun vun de Ministeren zu Bréissel gëtt och de Point gemaach, iwwer d’Annonce vun der EU der Ukrain 2 Millioune Schoss Munitioun zoukommen ze loossen.
80 Prozent dovu koume bis elo zesummen, d’Zil soll bis Enn des Joers erreecht ginn.
Dowéinst misst d’EU nach eng Schëpp bäileeën, sou d’Yuriko Backes.
"Déi Montanten, déi an deene verschidde Programmer virgesi sinn, fanne mir net héich genuch. Wa mir wëllen en Ënnerscheed maachen, wa mir och wëllen eis Waffenindustrie ënnerstëtzen, fir kënnen d'Ukrain besser ze ënnerstëtzen, da muss méi gemaach ginn."
Méi positiv Messagen iwwert US-Initiativ
D’Gespréicher iwwert ee méigleche Friddensaccord wiere schwéier, mee konstruktiv, esou och nach d’EU-Baussebeoptraagte Kaja Kallas. D'Yuriko Backes gesäit dat änlech.
"Mir kréien d'Messagen, datt déi Diskussiounen elo méi positiv verlafen."