Am Fong wollt d’EU um véierte Joresdag vun der russescher Invasioun an der Ukrain ee kloert Zeeche setzen an nieft der Ukrainhëllef och den 20. Sanktiounspak géint Russland annoncéieren.
A béide Punkte blockéiert awer Ungarn. Dat hat de Viktor Orbán de Weekend op eemol matgedeelt.
Enner anerem iwwer den neien ungaresche Veto diskutéieren d’Ausseministere vun der Europäescher Unioun zu Bréissel.
Et wier traureg, datt hei op Käschte vun ungareschen Interête mat der Ukrain gespillt géif, sou d’Reaktioun vum Ausseminister virun der Reunioun.
“E Mann, ee Wuert ass an Ungarn eben net d'Realitéit.”
Sou laang näischt ënnerschriwwe wier, kéint een net sécher sinn, ob eppes an dréchenen Dicher ass. Dat seet de Xavier Bettel zum Accord, deen d’Staats- a Regierungscheffen am Dezember iwwer een 90 Milliarden Hëllefspak fir d’Ukrain fonnt haten.
Dräi Länner, Ungarn d’Tschechesch Republik an d’Slowakei hate Jo zum Accord gesot, ënner der Konditioun, datt si net géife finanziell bedeelegen.
D'EU bräicht elo kreativ Léisungen
Elo misst ee kucken, ob deen Accord vum EU-Sommet juristesch contraignant ass a wéi eng aner Léisung ee fanne kann, der Ukrain déi Suen zoukommen ze loossen.
Mat der Fauscht op den Dësch ze schloen, géing méiglecherweis net vill bréngen.
"Mir kënnen dat maachen. Mee et ännert näischt. Mir jäize vill, mee et ännert net vill, well d'Reegele sinn do."
Déi Reegele verlaangen Unanimitéit. Zum Beispill wann et ëm nei Sanktioune géint Russland geet.
Deen 20. Sanktiounspak ass sou gutt wéi fäerdeg. Elo awer blockéieren nieft Ungarn och d’Slowakei. Wéinst der Pëtrols-Pipeline Droushka, déi duerch d’Ukrain leeft an iwwer déi zënter Enn Januar kee Gas méi aus Russland kënnt.
Wat de Viktor Orbán ugeet, dee schonn am Walkampf ass, wier do net mat Konzessiounen ze rechnen, sou d’Aschätzung vum Xavier Bettel
"En haasst d'EU, en haasst d'Ukrain, en huet de Trump gären, en huet de President Putin gären an en huet Sue gären. Dat ass net dat, wat mir an der EU gären hunn."
Sou laang et d’Méiglechkeet fir ee Land géif ee Veto anzeleeën, wier bei Ungarn ëmmer nees domat ze rechnen. D’EU bräicht op laang Vue aner Reegelen, fir kënnen ze funktionéieren, stellt den Ausseminister net fir d’éischte Kéier fest.
Elo misst ee kreativ sinn, fir ee Wee ze fannen, der Ukrain ze hëllefen, ouni déi eege Reegelen ze briechen.
D’EU-Baussebeoptraagt huet sech iwwerdeems net optimistesch gewisen, datt sech wärend der Reunioun vun haut eppes deet.
Et géif ee probéieren Ungarn ze iwwerzeegen. En vue vun den däitlechen Aussoen aus Ungarn wier et net probabel, datt si hir Positioun änneren, sou d’Kaja Kallas virun der Reunioun.
Kritik um "Board of Peace"
D’Ausseministeren diskutéieren och iwwer dem Donald Trump säi “Board of peace”, deen dee leschten Donneschdeg fir d’éischte Kéier zu Washington zesummekoum.
Mat derbäi war och d’EU-Kommissärin fir de Mëttelmier-Raum, Dubravka Suica. Dat hat bei verschiddenen EU-Memberlänner op Kritik gestouss. D’Europäesch Kommissioun hätt dofir kee Mandat gehat, sou zum Beispill de franséischen Ausseminister Jean-Noël Barrot.
De Xavier Bettel confirméiert, datt d’EU-Kommissärin ouni Mandat vun de Memberlänner bei der Reunioun derbäi war. Mat Kritik un där Aktioun awer hält hie sech zeréck. Net awer mat där zum Board of Peace u sech.
"Ech hunn e Problem, datt mir iwwer Palästina diskutéieren, ouni Palästina. An ech hunn e Problem, datt et am Fong geréiert gëtt, wéi e Golfclub. Wou ee President kann decidéiere wie Member gëtt oder net Member gëtt, an d'Decisioune geholl ginn am Club oder net."
Senger Meenung no wier et am beschten, datt d’EU als Observatrice beim Board of Peace derbäi ass, sou den DP-Politiker.
Xavier Bettel net u Posten als EU-Ukrain-Russland Special envoy interesséiert
Iwwerdeems stellt de Lëtzebuerger Vizepremier kloer, datt hien net interesséiert ass "Special envoy" fir den Ukrain-Russland-Konflikt ze ginn.
Iwwer esou ee Poste gëtt grad an der EU nogeduecht. "Näischt fir mech", seet dozou elo de Xavier Bettel.
"Ech hunn net de Besoin, net den Ego fir et ze maachen. Ech ka mer virstellen, datt der genuch am Sall vun de Conseil, déi Chef d'état, Chef de Gouvernement sinn, déi et gäre géife maachen."
Wéi hien am Ufank vum Krich probéiert hätt, ze vermëttelen, wier hien dofir kritiséiert ginn, sou de Xavier Bettel. Et wier och gesot ginn, Lëtzebuerg wier ze kleng fir déi Roll. Dat géif de “Mindset” vun deene Leit weisen. Senger Meenung no wieren awer "genuch Leit mat genuch Erfarung do, fir dat dote gutt ze maachen."