Radioen

On air

Notturno  |  John Scofield - The Low Road

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Xavier Bettel: Mir hunn d’Häerz mee och d’Gehier op der richteger Plaz

Nei Reegele fir Asyl-Demandë

Xavier Bettel: Mir hunn d’Häerz mee och d’Gehier op der richteger Plaz

D’Migratioun ass ee vun de Sujeten haut um zweeten a leschten Dag vum EU Sommet zu Bréissel. ”Mir sinn all der Meenung, datt EU-Länner, déi Baussegrenzen hunn, Ënnerstëtzung brauchen”, sot de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel virum Optakt vun de Gespréicher.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Bei der Migratioun bräicht ee gemeinsame Reegelen, fir gemeinsam Problemer. Zu Lëtzebuerg goufen d’lescht Woch d’Reegele fir Asyl-Demandë jo verschäerft. Männlech Flüchtlingen, déi eleng reesen, a fir d’éischt an engem aneren EU-Land ukoumen, ginn net méi an de Flüchtlingsstrukturen zu Lëtzebuerg opgeholl.

D’ASBL Passerelle, déi sech fir d’Uleies vu Flüchtlingen asetzt, huet dat verurteelt, et wier ee flagrante Verstouss géint Mënscherechter, a géint déi international an europäesch Engagementer vu Lëtzebuerg. De Xavier Bettel sot zu den Ännerungen an der Asylpolitik hei am Land, datt wa keng Plaz méi do wier, et och kee Wäert hätt sou ze maache wéi wann et kee Problem gëtt.

"Mir hunn d’Häerz op der richteger Plaz, mee mir hunn och d’Gehier op der richteger Plaz. A wa kéng Plaz méi do ass, dann huet et kee Wäert esou ze maachen, wéi wa mer kee Problem hunn. An d’Flüchtlings-Situatioun ass déi, datt mer am Moment et net méi packen. Net méi als Land – an och als EU gëtt et ganz kriddeleg Dofir ass et wichteg, dass d’Solidaritéit zielt, well et ginn nach Länner, déi Sputt hunn. An et kënne net ëmmer déi üblech sinn, déi Solidaritéit weisen. Mir kommen och eng Kéier un eis Limitten, an dat ass eben d’Realitéit."

Lauschterenplay_arrow