Déi eege Finanzhëllef fir d‘Palestinenser wëll Frankräich dëst Joer vun 20 op 100 Milliounen Euro erop setzen. Eng Schlussdeklaratioun gouf et net, op alle Säite war een awer beméit fir béid Konfliktparteien neutral ze behandelen.
Déi wichtegst Acteure bei dëser Konferenz waren net derbäi: Israel ass net vertrueden, de Präsident Macron hat awer en Telephonsgespréich mam israeelesche Premier Benjamin Netanjahu. Och déi arabesch Staate sinn net um héchsten Niveau vertrueden, den Emir vum Qatar an den ägyptesche Präsident hu sech just iwwer Telefon gemellt.
Op humanitär Kris hiweisen
Lëtzebuerg war duerch de Premier Xavier Bettel vertrueden, firwat also des Konferenz wou déi Haaptacteure gefeelt hunn?
"Et war u sech eng Konferenz och fir ze weisen dat eng humanitär Kris an der Gazasträif ass, an datt et och wichteg ass, datt och déi international Communautéit déi ënnerstëtzt fir och dat Schlëmmst ze evitéieren."
Ee Schlusscommuniqué gouf et no der Konferenz net, et wéilt ee keng Diskussiounen iwwer eventuell Formulatiounen. Och de Xavier Bettel ass beméit, d‘Balance tëscht béide Säiten ze behalen.
"An et war sou wéi ech et och a menger Interventioun gesot hu lo keng Konferenz géint Israel, sou wéi wann een den Hamas condamnéiert ass dat bestëmmt näischt géint Musulmanen."
Et wier ee weder géint, nach fir eng vun den zwou Konfliktparteien. Bei dëser Konferenz, ass et virun allem drëms gaangen, ze kucke wéi een de Mënsche kéint hëllefen, déi fir näischt am dem ganze Krich schëlleg sinn"
Vill Drock ass néideg
Trotzdeem geet nieft der Zouso vun humanitärer Hëllef vun dëser Konferenz och och e Signal un Israel aus.
"Et ass eben och en Drock op Israel. Mee et muss ee wëssen, datt den Här Netanjahu ganz vill Drock brauch fir do verschidde Saachen och endlech an ze gesinn."
Humanitär Hëllef garantéieren, eng humanitär Trève erreechen an d‘Mënscherechter ze respektéieren, dat wiere kuerzfristeg Ziler, sou nach de Xavier Bettel. Mëttelfristeg géing awer kee Wee laanscht eng Zwee- Staate-Léisung féieren.